© Mike Coppola/Getty Images for Mercedes-Benz
De 26ten Januar hunn d‘Jonas Brothers d’Bün vun de Grammys gerockt. Opgetruede sinn si ënner anerem mat hirer néier Single „What a man gotta do“.
Ausser "What a man gotta do" gouf et och eng weider, bis dato onbekannte Single ze héieren. Nolauschterer déi d‘Lidd mat der App Shazam erkenne wollten, sinn op ee Video gestouss.
An dësem Video erklären déi dräi Sänger, dass si een neien Album verëffentlech wäerten. Déi néi Single heescht „Five more Minutes“.
Eréischt lescht Joer hunn si den Album „Happiness Begins“ erausbruecht. Mat Hits ewéi „Only Human“ a „Sucker“ war hire Comeback ee risegen Erfolleg.
Den neien Album mat der Single „Five more Minutes“ wäert net méi laang op sech waarde loossen.