D’Billie Eilish huet ganz rezent bei de Grammys ofgeraumt. Elo schwätzt hat schonn iwwert säin nächsten Album.

Bei engem Australesche Radiosender huet d’Sängerin bekannt ginn, dass hat a säi Brudder an ee Komponist schonn um neien Album schaffen. D’Fans sollen een aneren, méi erwuessenen a villsäitegen Album erwaarden.

D’Billi Eilish ass selwer iwwerzeegt vun der Musek, och wann se eréischt e puer Titelen hunn. Se sollen all ganz ënnerschiddlech sinn.

Fans mussen awer net op den neien Album waarde fir néi Musek vun him ze héieren, well hatt jo offiziell den neie James Bond Titelsong “No Time to Die” séngt.