D'Billie Eilish ass net bei den Oscare nominéiert, huet awer trotzdeem een Optrëtt annoncéiert.

D’Billie Eilish ass net méi aus der Musekscene ewech ze denken. Groussen Erfolleg hat et dës lescht op de Grammys. Mat 4 Haaptpräisser ass d’Sängerin hei eraus komm.

Elo huet d’Billie Eilish bekannt ginn, dass hat de 9ten Februar bei den 92ten Oscar Verdeelungen dobäi wäert sinn.

Hat stellt sech mat dësem Optrëtt an d’Rei vum Sir Elton John, Randy Newman a ville weidere bekannt Kënschtler. Weie Lidd genau gesonge wäert ginn, huet d’Sängerin nach net bekannt ginn.

View this post on Instagram

🤭

A post shared by BILLIE EILISH (@billieeilish) on