© AFP/Robyn Beck
Säit e puer Méint ass vum Dua Lipa sengem Neien Album “Future Nostalgia” riets. Elo gouf iwwer Twitter den Dag vun der Verëffentlechung annoncéiert.
Den 3ten Abrëll 2020 wäert de neien Album eraus kommen. Eng néi Single gëtt awer schonn den 31 Januar verëffentlecht. Dat néit Lidd vum Dua Lipa heescht "Physical". Déi nei Musek soll un säi groussen Hit "Don't start now" uknäppe kënnen. D’Fans kënnen sech also elo scho freeën.