© AFP/Kenzo TRIBOUILLARD
De Brexit gëtt den 31. Januar no bal 4 Joer duerchgezunn. Net nëmme politesch mee och musikalesch gouf sech zu dësem geäussert.
De Brexit spléckt d’Natioun och politesch an der Musek. Kuckt een d’UK-Charts vun de leschte Woche sprangen zwee Lidder ervir déi een sou net an den Charts erwaart. Laang op der eent war dem André Rieu seng Fassung vun "Ode to Joy" vum Beethoven. Direkt hannendrun ëmmer d’Lidd "17 Million Fuck-Offs" vum Komiker Dominic Frisby.
Dat war keen Zoufall.
"Ode to Joy" ass d’Europäesch Hymn, déi och d’EU representéiert. D’Mënschen, déi "Remain" gestëmmt haten hunn dofir gesuergt, dass dës Hymn an den Charts vertrueden ass.
“17 Million Fuck-Offs” op der anerer Säit gouf vun de “Leave” Wieler als Uspillung op de Brexit an d’EU an d’U.K Charts gevote.
Am Lidd "17 Million Fuck-Offs" geet et em déi ganz Geschicht ab dem Moment vum Wielen. 17 Millioun ass dobäi d’Zuel vun de Mënschen déi fir “Leave” gestëmmt hunn an de “Remain” Wieler soen; se sollen einfach de Mond halen.