Den Atelier annoncéiert neien Datum fir de Concert vum Kontra K!

De Concert vum Kontra K, deen den 12. Mäerz 2020 an d'Rockhal hätt solle kommen, gouf jo wéinst dem Coronavirus annuléiert. Elo huet den Atelier en neien Datum fonnt!

Am Kader vu senger "Der Sonne Entgegen Tour 2021" kënnt den däitsche Museker de 4. Dezember 2021 op Lëtzebuerg!

Mat sengem neien Album "Vollmond", deen dëst Joer am September erauskënnt, wäert hien dann d'nächst Joer am November an am Dezember op grouss Tour goen!

D'Tickete vum Concert, deen den 12. Mäerz hätt solle sinn, bleiwen och fir deen neien Datum valabel!

Weider Infos fannt der hei!