E Mëttwoch den Owend - di beschte live Musek um Hitradio zu Lëtzebuerg!

Kontra K, Caravan Palace, Gims - just e puer Nimm vu Museker, déi bei eis zu Lëtzebuerg hätte sollen optrieden. Opgrond vun de rezenten Entwécklungen am Fall Coronavirus an de Mesuren déi vun der Regierung decidéiert goufen, hunn alleguer d'Concerts-Haiser hir Diere bis op weideres zou gemaach - definitiv di richteg Entscheedung!

Mir hei op Eldoradio loossen iech awer net hänken, mir bréngen iech di beschte live Musek heem op d'Couche! Dofir hu mir en exklusive Best Of aus den Eldo Live Concerten aus deene leschte Méint zesummegestallt. Mat dobäi: Seeed, Sido, Post Malone, Freya Ridings, X Ambassadors & James Blunt.

Erlieft de Best Of Eldo Live bei eis am Programm: E Mëttwoch den Owend vun 22h00 un um Eldo a via Livestream op eldo.lu an an der App.