De Moment sinn eng ganz Partie Leit guer net amused vun der Pop-Diva hirem Behuelen.

Als Star huet een d'Méiglechkeet vill Leit mat engem eenzege Post z'erreechen. Mee genee esou kann een och mat engem eenzege Post och deementspriechend vill Leit roose maachen.
Dat huet d'Madonna elo fäerdeg bruecht. D'Sängerin ass aktuell wéi och vill aner Leit doheem. An d'Madonna schéngt d'Zäit gutt ëmzekréien, wann ee säin Instagram-Account kuckt.

Nieft Laser-Behandlungen fir d'Kraaft vun den Zellen erëm opzebauen, an "Op-der-Schreifmaschinn-tippen" fir d'Kamera, war d'Pop-Diva dann och an d'Buedbidden. An natierlech huet och dat misse gefilmt ginn. Ëmginn vu Rousen a Klassescher Musek déi am Hannergrond spillt, seet d'Madonna, wéi "wonnerbar" de Coronavirus wier, a wéi en eis alleguer op "déi nämlecht Stuf" géif setzen, egal ob Räich oder Aarm, Jonk oder Al.

Et schéngt offensichtlech, wéi wann d'Madonna absolut keng Ahnung vun der Realitéit huet. Kuckt ee schonn nëmmen de Fakt, dass de Risiko fir Persounen mat méi wéi 65 Joer klëmmt. Et schéngt éischter, wéi wann déi 62 Joer al Sängerin sech éischtens ferme géif langweilen, a wéi wann se et absolut net géif verdroen, dass elo keen sech fir si an hir Meenung interesséiert.

Op Instagram gouf de Post iwwregens scho vun der Sängerin geläscht.