Dat huet d'Rockhal elo magedeelt.

Nodeems schonn eng ganz Partie u Concerte verluecht oder annuléiert goufen, ass et dann elo och fir de Concert vum Sean Paul geschitt. Dëse sollt eigentlech de 7. Abrëll hei zu Lëtzebuerg optrieden.

Verständlecherweis ass dat awer elo natierlech net méiglech. Et gëtt och definitiv no engem neien Datum gekuckt, esou d'Rockhal. Soubal nees alles normal leeft, wäert een den Jamaikanesche Kënschtler dann hei zu Lëtzebuerg erliewen. D'Tickete fir de Concert bleiwen dofir och weider gülteg!