Duerch d'Corona-Kris ass et bei de Kënschtler net méiglech d'Datumer anzehalen.

Den Harry Styles zum Beispill huet per Twitter matgedeelt, dass seng "Love on Tour" net nächste Mount wäert starten. Eigentlech sollt et jo zu Birmingham lassgoen, an de Styles dann duerch Europa féieren. Mee dat wäert dann eréicht nächst Joer de Fall sinn. D'Fans wäerte sech also bis de Februar a Mäerz 2021 gedëllege mussen.

Ongeféier dee nämlechten Szenario beim Dua Lipa. D'Sängerin sollt dëst Joer mam neien Album "Future Nostalgia" op Tour goen. Et war zwar scho gewosst, dass d'Tour net elo am Mee wäert ugoe wéi geplangt, mee et gouf nach keen offiziellen Datum. Ma elo huet d'Dua Lipa confirméiert, dass hatt seng Tour dann och eréischt am Januar 2021 wäert starten.

An zum Schluss koum dann och vum Camila Cabello sengem Instagram Account d'Noriicht, dass hatt seng "Romance" Tour vun der net am Mee wäert untrieden. Dëst fir seng Crew, a seng Fans ze schützen. Een Datum op wéini des Tour verluecht gëtt, ass awer nach net do. Ee klenge Liichtbléck huet d'Camila awer a sengem Post matgedeelt: doduerch, dass hatt elo méi Zäit huet, wäert hatt och sécher nees Musek produzéieren.

View this post on Instagram

‪💔🙏🏼‬

A post shared by camila (@camila_cabello) on