Sou opmannst kann een der Band hire Statement verstoen, deen engem och schonn d'Laun kann hiewen.

Déi virtuell Band Gorillaz huet sech och elo gemellt punkto Corona-Kris. An dat mat dem däitlechen awer och iergendswéi witzeg verpaakte Message: bleift doheem!

View this post on Instagram

A message from Murdoc Niccals

A post shared by Gorillaz (@gorillaz) on

Esou seet de Leader vun der Band, de Murdoc Niccals, dass mer dëse Kampf vun der Couche aus féieren, an eise Gäert, oder och andeems ee sech all d'Staffele vu Gilmore Girls eran zitt.

Donieft präziséiert de Murdoc, dass d'Maschinn weider ubleift. Domat ass d'"Song Machine Series" gemengt, déi d'Gorillaz elo am Januar gestart hunn. Déi éischt Episode ass elo schonn eng Zäit dobaussen, an déi zweet Episode kann een och scho kucken. An all Episode sinn dann och Gäscht dobäi, déi d'Gorillaz vum Stil hier och erausfuerderen. Fir Gorillaz Fans an Enthusiasten e Must fir ze kucken!