Dat huet d'Sängerin elo via Twitter-Post matgedeelt.

Eigentlech sollt den Album "Chromatica" eigentlech schonn den 10. Abrëll erauskommen. Besonnesch nom Erfolleg vun der éischter Single "Stupid Love" waren d'Fans wuel nëmmen nach méi op dat neitst Wierk vun der "Mother Monster" gespaant.

Ma elo heescht et awer sech gedëllegen. Duerch déi aktuell Situatioun mam Coronavirus, huet d'Lady Gaga d'Gefill, dass elo net déi richteg Zäit wier, fir säin Album eraus ze bréngen. Obwuel hatt scho géif mengen, dass Konscht an och Musek vill bewierke kann an esou enger Zäit, wier et net dee richtege Moment fir säin Album.

Dobäi verséchert d'Sängerin awer, dass d'"Chromatic" Tour awer net wäert ofgesot ginn. Dës soll am Summer starten.
Um Schluss vun hirem Post, huet d'Sängerin och nach een direkte Message un hir Fans:
"[...]als Fangemeinschaft... als Famill... si mer staark, mer si voller Léift - a mir sinn déi frëndlech Punks. Dofir bieden ech Iech, dës Frëndlechkeet och elo an dëser schwiereger Zäit ze liewen!"