An dierf een de Billboard Charts gleewen, ass d'Lidd och zimlech erfollegräich.

Den 10. Mäerz hat d'Cardi B an engem Instagram Video senge Gefiller fräie Laf gelooss, a säi Point de Vue op d'Coronavirus Kris ginn. Ënnert anerem "dass et eescht wier". De Brooklyner DJ iMarkkeyz ass een Expert dran esou Momenter vun de Stars a Musik ze verwandelen. A säi Lidd Coronavirus mam Cardi B als Feature ass dann elo an d’Billboard Charts komm, an zwar ënnert anerem op Plaz 9 vun de Rap Digital Song Sales. Et ass iwwregens déi éischte Kéier, dass den DJ mat engem vu senge Remixen an de Billboard Charts steet.

Iwwregens weess d’Cardi och iwwert dat Ganzt Bescheed, an déi 2 Musiker hu wësse gelooss, dass all d’Suen déi duerch d’Lidd gemaach ginn u Famille ginn, déi duerch de Coronavirus betraff goufen. An Amerika sinn esou Aktiounen villäicht nach ee Stéck méi wichteg, vue dass vill Persounen och keng Krankeversécherung hunn.