E Mëttwoch den Owend - ee weideren Top Concert um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Avicii Tribute Concert

Den 8. September 1989 ass den Tim Bergling an der schwedescher Haaptstad Stockholm op d'Welt komm. Duerch säin Hallef-Brudder ass hie fir di éischte Kéier mat Musek a Kontakt komm. Mat 16 Joer huet den Tim dunn ugefaange selwer House-Musek ze produzéieren, doheem a senger Kummer, just mat engem Computer an enger Gittar. Säi Kënschtler-Numm Avicii ass iwweregens ofgeleet vum Buddhismus – "Avici" gëtt nämlech deen déifsten Niveau an der buddhistescher Häll genannt.

Am Oktober 2011 konnt den Avicii mat "Levels" säi groussen internationalen Duerchbroch feieren. D'Lidd baséiert op engem Sample vum Etta James sengem Klassiker "Something's Got a Hold on Me". Duerno koumen Hits ewéi "Wake Me Up" mam Aloe Blacc, "Hey Brother", "The Nights", "Without You" mam Sandro Cavazza oder "Lonely Together" mam Rita Ora.

Den 20. Abrëll 2018 koum dunn d'Schock-Noriicht: Den Avicii gouf, wärend senger Vakanz am Oman, dout op engem Grondstéck vun der osmanescher Kinneks-Famill opfonnt – hien hat sech d'Liewe geholl. Seng ganz Karriär iwwer war den Tim Bergling scho mat senger mentaler a kierperlecher Gesondheet geplot, dobäi koumen och nach Drogen- an Alkohol-Problemer.

Et goufe wuel net vill Kënschtler, déi Generatiouns- a Genre-iwwergräifend esou beléift waren ewéi den Avicii. D'lescht Joer am Juni ass säi posthumen Album "Tim" erauskomm, do ass och ënnert anerem den Track "SOS" drop. De 5. Dezember 2019 huet d'"Tim Bergling Foundation" e groussen Avicii Tribute Concert an der Friends Arena zu Stockholm organiséiert. Mat dobäi waren DJ-Kolleegen, en Orchester a verschidde Gaascht-Sänger. Kuerz viru sengem zweeten Doudesdag gedenken dann och mir op Eldoradio dem verstuerwene Museker.

Erlieft den Avicii Tribute Concert live bei eis am Programm: E Mëttwoch den Owend vun 22h00 un um Eldo a via Livestream op eldo.lu an an der App.