Fir hir Single "Red Wine" gëtt natierlech och ee Musikvideo gebraucht. An do kënnt dir elo mat dobäi sinn!

Alfalfla huet jo schonn eng kleng Zäitchen elo hir Single "Red Wine" dobaussen. Elo feelt natierlech nach ee Video!

Ma mat dem Social Distancing ass dat natierlech e bësse schwéier fir einfach emol dobaussen ee Video ze dréine mat enger ganzer Crew. Ma Alfalfa huet elo een Opruff gemaach op hirer Facebooksäit un hir Fans: Wie mat wëll dobäi sinn am Video muss dofir just eppes maachen: an zwar danzen! A well danze glécklech mécht, ass dat genee dat Richtegt fir elo! Et gëtt zwar eng kleng Choreo, mee näischt ze komplizéiertes. Wie wëll mat dobäi sinn, muss bis de 17. Abrëll säi Video era geschéckt hunn.