De Lëtzebuerger Sänger Jimmy Leen presentéiert seng nei Single "Black Hole Summer Song".

Den Jimmy Leen ass ee Lëtzebuerger Sänger, Songwriter a Multi-Instrumentalist. An deene leschten 11 Joer war hien a verschiddene Lëtzebuerger Bands aktiv wéi Mad Fox, Versus You oder Angel at my Table. Nieft senger Carrière mat Mad Fox ass den Jimmy de Moment awer och mat engem Soloprojet ënnerwee a geet hei an eng méi elektronesch Richtung. Nieft senger éischter Solosingle "Running" huet den Jimmy Leen sech elo zréck gemellt mat senger neier Single "Black Hole Summer Song".