Dësen Dënschdeg: ee weideren Top Concert um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Ed Sheeran

Direkt mat sengem Debut-Album "+" (Plus) ass dem Ed Sheeran 2011 de groussen Duerchbroch gelongen. 3 Joer méi spéit ass säin 2. Longplayer "x" (Multiply) op de Marché komm: Nummer-1-Album a 15 Länner, BRIT-Award fir Album of the Year, Ivor Novello Award fir Songwriter of the Year, 2 Grammys fir d'Single "Thinking Out Loud" an 2015 deen zweet-meescht-verkaaften Album weltwäit.

Nodeems hie schonn déi éischt zwou Singles "Bad Habits" an "Visiting Hours" erausbruecht huet, huet den Ed Sheeran dann och elo endlech säin neien Album "Equals" fir den 29. Oktober 2021 ugekënnegt.

An och live bitt de sympathesche Museker senge Fans ëmmer erëm eng grouss Show, an dat nëmme mat senger Gittar, enger Loop-Station a senger Stëmm – den Ed Sheeran brauch nämlech keng Band, hie steet ganz eleng op der Bün a begleet sech einfach selwer. Esou och am Mee 2014 an der Vicar Street, enger bësse méi klenger Concerts-Hal zu Dublin, an där de Sänger deemools säin 2. Album "x" presentéiert huet.

Eldoradio bréngt iech den Ed Sheeran live heem op d'Couche: E Mëttwoch den Owend vun 19h00 un um Eldo a via Livestream op eldo.lu an an der App.