Et ass eng weider traureg Nouvell fir d'Zeen vun der Country-Musik.

Nom Dout vun de Country-Musiker Joe Diffie, oder de Kenny Rogers, ass nach ee ganz Grousse vun der Country-Zeen verstuerwen.

Den John Prine war zwou Woche laang am Spidol wéinst Komplikatioune mam Coronavirus. Dat zu Nashville am Bundesstaat Tennessee. Um Dënschden Owend koum dunn d'Noriicht, dass de John Prine verstuerwe wier.

Fir d'Fans ee Schock. Liest een d'Kommentarer ënnert de Videoen vum John Prine liest een ëmmer nees, wat fir een einfach an häerzleche Mënsch hir war. An een dee mat senger Musek Geschichten erziele konnt, déi een matgerappt hunn. Duerch säin Talent als Songwriter huet en och Lidder fir de Bob Dylan geschriwwen. Mee och vill Museker hu seng Lidder gecovert. Sou zum Beispill den Johnny Cash

Ma och vill Museker traueren ëm de Prine. Sou huet ënnert anerem zum Beispill de Bruce Springsteen iwwert de Verloscht geschriwwen