Wéi séier d'Zäit verflitt. Dat gesäit een och ëmmer u fréiere Liiblingslidder.

D’Mariah Carey huet annoncéiert dass hatt säin Erfollegs-Album „The Celebration of Mimi“ wäert zesumme mat senge Fans feieren, zum Beispill a Form vun enger Acoustic Version vum Lidd „It’s Like That!“. Ma d'Sängerin huet awer och gefrot, wat da senge Fans hir Liiblingslidder vun dësem immens erfollegräichen Album waren. Alleng nëmmen d'Single "We belong together" gouf 4-fach mat Platin ausgezeechent.

A Nickelback, haten eemol schonn eng Tour geplangt fir den Album „All The Right Reasons“ deen eebe viru 15 Joer erauskomm ass ze feieren. Déi steet och aktuell nach ëmmer. Trotz der Coronavirus-Kris. Dat ka sech awer natierlech nach änneren.
An dann huet de Nickelback Gitarist Ryan Peake och nach gëschter via Twitter annoncéiert, dass an 1-2 Méint een Nickelback- Documentaire eraus kënnt.