Zesumme mat der Ryan Secrest Foundation huet een de Kanner elo esou eng kleng Freed gemaach. An och de Shawn Mendes huet matgemaach.

Elo dierf een net déi vergiessen, deenen et net esou gutt geet. Sou zum Beispill d'Kanner zu Washington DC an der Kannerklinik, déi also ee geschwächt Immunsystem hunn, an doduerch zu deene vulnérabele Persoune gehéieren.

Ma och fir si ginn d'Deeg laang, villäicht esouguer nach méi laang wéi soss, well Besich net méi esou einfach méiglech sinn.
Dofir huet déi kubanesch Sängerin elo och hir ganz "kleng" Fans begéint. Duerch d'Corona-Kriis awer natierlech virtuell.
An och säi Frënd, de Shawn Mendes, war bis mat dobäi. Zesummen hu si mat de Kanner geschwat, gesongen, gedanzt an op hir Froe geäntwert. Op de Videoe gesäit een och gutt, dass d’Kanner wierklech frou sinn, dass d’Sängerin sech Zäit geholl huet fir si.

An d'Sängerin huet och kee Problem domat iwwer ganz normal Saachen ze schwätzen, an zielt engem Kand zum Beispill, dass de Shawn him dee Mëtten "Brokkoli-Eeër" gekacht huet.

An nach ee klenge Fun Fact zum Schluss: déi 2 si jo zesummen an der Isolatioun. An d’Camila huet verroden, dass de Shawn dovu profitéiert him Gitar-Spille bäizebréngen, an hatt bréngt him dofir Spuenesch bäi. Also kënnt villäicht an Zukunft een Duett wou hatt Gitar spillt an hien op Spuenesch séngt?