De Grond dofir ass de Coronavirus. Dowéinst dierfe keng Geriichtsverhandlunge gehale ginn.

Duerch eng Massepanik op der Loveparade zu Duisburg de 24. Juli 2010 goufen 21 Mënschen erdréckt, an 652 weider Persoune goufe verletzt. De Prozess ëm des Affär huet am Dezember 2017 ugefaang. Aktuell sinn nach 3 vun de Mataarbechter vun der Veranstaltungsfirma "Lopavent" wéinst Kierperverletzung a fahrlässeger Tötung ugeklot. 7 weider Mataarbechter goufen am Juli 2019 fräigesprach.

De Prozess gouf scho virleefeg gestoppt wéinst dem Coronavirus. An elo huet d’Landesgericht vun Duisburg ugefrot, dass de Prozess wéinst der Coronakris sollt agestallt ginn. Wann d’Staatsanwaltschaft an déi 3 Ugeklot dësem Virschlag zoustëmmen, kënnt dëse Riese-Prozess ouni Uerteel op en Enn.