Et ass fir einfach emol nees Merci ze soen, un d'Helden vun eisem Alldag!

Et ass eng musikalesch Aktioun, bei der d’Gal Gadot mat all senge Staren an hirem Imagine-Geséngs einfach apake kënnen.

An Zäit vun 3 Deeg hu 6000 Persounen aus 45 verschiddene Länner ee Lidd gesongen an sech dobäi gefilmt. An zwar "Heroes" vum David Bowie. Am Video gesäit een och schéin dass ganz verschidde Leit dobäi sinn: Eltere mat hire Kanner, d'Personal aus Spideeler, Leit déi d'Lidd an der Zeechesprooch iwwersetzen, Jonker, Aler. Also ee richteg schéine Video, mat engem gënee esou schéine Message!

De Grond fir de Video, ass fir all deene Leit merci ze soen, déi aktuell d’Helde vun eisem Alldag sinn. Dat sinn natierlech all d'Leit aus dem Gesondheetssecteur, mee natierlech nach ganz ganz vill anerer! Hingerhaut ass beim lauschtere garantéiert!