Déi 2 franséich Museker kommen nächst Joer an d'Rockhal, wéi elo annoncéiert gouf!

Déi franséich Sänger gi mat hirem Duo-Album „Versus“ op Tour.
Den Album ass am August 2019 eraus komm, an huet schonn een Triple-Platin Status.

Déi zwee Museker hu sech als Coaches bei "The Voice Belgique" kennegeléiert, an doropshin zesummen den Album "Versus" opgeholl.

Dobäi wäerten se dann och den 21. Mäerz 2021 ee Stopp hei an der Rockhal maachen. D’Ticketen sinn dann och schonn am Virverkaf disponibel.