Wéi et schéngt ass den Nick Jonas mol nees Solo ënnerwee. Awer des Kéier ass et zur Ofwiesslung net mat der Musik...

Keng Angscht, all d'Fans vun den Jonas Brothers (a Sisters) kënnen opootmen. D'Bridder hu sech net nees zerstridden, an och d'Priyanka ass nach ëmmer schwéier verléift an den Nick.
Säi Solo-Ausfluch, huet och emol zu Ofwiesslung näischt mat Musik ze dinn mee mat engem Buch.

Fir Audible huet hien d’Buch „The Perfect Swing“ vum James McGirk agelies. Et ass dann och een Audiobook, dat spezifesch geduecht ass fir beim Aschlofen ze hëllefen. Wien also schonn ëmmer vum Nick Jonas wollt an de Schlof gesonge ginn, huet elo d'Méiglechkeet dozou. An dat Bescht bei der Saach: d'Buch ass gratis ze kréien! Dir braucht dofir eigentlech just een Amazon Account, fir Iech um Audible Site anzeloggen. Donieft gëtt et och eng gratis Meditatioun mam P. Diddy ze lauschteren.