De geplangte Mark Forster Concert zu Lëtzebuerg ass wéinst der Pandemie fir d'zweete Kéier verréckelt ginn.

Mat senger "Liebe" Clubtour sollt den däitsche Sänger eigentlech de 14. Mee zu Dikrech an der Aler Seeërei optrieden. An zwee Deeg duerno, den 16. Mee zu St. Vith, hei fir an der Belsch.

Wéinst de Corona-Restriktiounen goufe béid Concerten awer elo verréckelt. De Concert zu St. Vith ass deemno den 11. November 2021, an den Optrëtt an der Aler Seeërei zu Dikrech ass deen Dag dono, den 12. November 2021.

D'Tickete bleiwe fir deen neien Datum gülteg.

Schonn 2020 haten di geplangte Concert zu  St.Vith an zu Dikrech misse verréckelt ginn. Elo ginn deemno och di 2 Ersatzterminer Affer vum Coronavirus. "Di laang COVID-19-Pandemie an den domat verbonnene Concertsverbuet maachen eis et onméiglech, d'Tour wéi geplangt ëmzesetzen", deelt de Management vum Kënschtler mat.