Den Sänger a Gittarist vun der Band The Offspring, den Bryan Holland, kritt haut 44 Joer. Virun iwwer 20 Joer hunn flippeg Highschool-Kids aus Kalifornien dës Punkrockband gegrënnt. Bei eis an Europa war d'Grupp awer méi erfollegräich wéi an den USA. Mat den 2 Hitten „Self Esteem“ an „Pretty Fly“ hunn Offspring sech an déi däitsch Top 5 gerockt.

Haut virun 54 Joer huet den Elvis Presley Chartsgeschicht geschriwwen. Hien war mat 10 Lidder an den Billboard Topp 100 vertrueden. Mat enger Milliard verkaaften Alben gëllt den Elvis als weltwäit erfollegräichsten Solokënschtler.

Haut virun 4 Joer war d'Nelly Furtado mat „All Good Things “ op Platz 1 vun den däitschen Charts. Entstanen ass den Titel an Zesummenaarbecht mam Produzent Timbaland a mam Chris Martin vun Coldplay. Et ass dat lescht Lidd un deem d'Nelly Furtado an den Timbaland fir den Album „Loose“ geschafft  hunn. Vum 29. Dezember 2006 un war d'Nelly Furtado domat fir 5 Wochen op Platz 1 vun den däitschen Charts.