Haut op engem 2. Januar...

Lauschtert eran!

Um 2. Januar 1993 stoungen d’Guns’n’Roses mat hirem Titel “Yesterdays” op där éischter Plaz an eisem Eldoradio-Chartbreaker. “Yesterdays” war deen drëtten Track um Guns’n’Roses Album “Use Your Illusion ll”. Op deem Album war och ënnert anerem den Titel “Knockin’ On Heaven’s Door”.

An haut viru 15 Joer hate Green Day et mat hirem Album “American Idiot” op d’Plaz 1 an de britteschen Album-Charts gepackt. Dorop sinn ënnert anerem d’Hits “Boulevard Of Broken Dreams”, “Holiday”, “American Idiot” a “Wake Me Up When September Ends”. “American Idiot” war dee siwente Green Day Album, deen och fir ganzer 7 Grammys nominéiert gouf. Een dovu konnt d’Band dunn och mat heem huelen an zwar dee fir beschte Rock-Album vum Joer 2005.

Um 2. Januar 2007 sollten d’Britten annoncéieren, datt dem Gnarls Barkley säi Mega-Hit “Crazy” dee meescht-verkaafte Song vum Joer 2006 war. D’Lidd hat sech ronn 700.000 Mol verkaaft a war och dee Song, deen an deem Joer am meeschten erofgeluede gi war. Gnarls Barkley war e Museksprojet vum amerikaneschen Hip-Hop-Produzent Danger Mouse an dem Sänger Cee-Lo Green, deen 2005 gegrënnt ginn ass.

An haut virun 9 Joer stoung d’Rihanna mat sengem fënneften Album “Loud” op der Eent an de UK-Album-Charts. Och a villen anere Länner konnt d’Rihanna mat “Loud” héich Chartplatzéierungen erreechen.