Haut op engem 3. Januar...

Lauschtert eran!

Um 3. Januar 1970 stoung de B. J. Thomas mat sengem Titel “Raindrops Keep Falling On My Head” op der Plaz 1 an den US Single-Charts. De Billy Joe Thomas ass en amerikanesche Pop a Country-Sänger, dee virun allem an de 70er an an den 80er Joren grouss Erfolleger feiere konnt.

Haut sinn et dann 33 Joer hir, datt di éischt Fra an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn ass: Di amerikanesch Soul-Sängerin Aretha Franklin. An hirer Karriär huet d’Aretha Franklin ganzer 18 Grammys gewonnen an zielt zu deene Kënschtler mat de meescht-verkaafte Placke weltwäit. Um 16. August 2018 ass d’Aretha Franklin am Alter vu 76 Joer u Kriibs gestuerwen.

Um Dag vun haut virun 22 Joer stoung di brittesch Band The Verve mat hirem drëtten Album “Urban Hymns” op der Plaz 1 an de UK-Album-Charts. Do ass ënnert anerem hire gréissten Hit “Bitter Sweet Symphony” drop. “Urban Hymns” war dee fënneft-schnellst-verkaaften Album an der brittescher Museks-Geschicht an huet den Héichpunkt an der Karriär vun The Verve markéiert. Am selwechte Joer krut d’Band fir den Album och dräi BRIT Awards.

An um 3. Januar 2010 stoung de Paolo Nutini mat sengem zweeten Album “Sunny Side Up” op där éischter Plaz an de britteschen Album-Charts. 2014 ass dem Paolo Nutini säi leschten Album mam Titel “Caustic Love” erauskomm.