Haut op engem 5. Januar...

Lauschtert eran!

Haut feiert den amerikanesche Museker a Schauspiller Marilyn Manson säin 51. Gebuertsdag. De Brian Hugh Warner, ewéi hie mat biergerlechem Numm heescht, ass um 5. Januar 1969 zu Canton am Bundestaat Ohio op d’Welt komm. De Kënschtler-Numm “Marilyn Manson” ass eng Kombinatioun aus der Schauspillerin Marilyn Monroe hirem Virnumm an dem Kriminellen Charles Manson sengem Nonumm a soll weisen, datt dat Gutt an dat Béist zesumme gehéieren.

Um 5. Januar 1981 huet de Phil Collins säi legendären Hit “In The Air Tonight” erausbruecht. De Song war um Phil Collins sengem alleréischte Solo-Album “Face Value” drop. Bis dohin war de Phil Collins als Frontmann a Batteur vun der Band Genesis aktiv.

Zwee Joer méi spéit, um 5. Januar am Joer 1983, ass zu London de Singer/Songwriter Marlon Roudette op d’Welt komm. Hie feiert also haut seng 37 Joer. Bekannt ginn ass hien als eng Hallschent vum Duo Mattafix, déi ënnert anerem den Nummer 1-Hit “Big City Life” erausbruecht hunn. De Marlon Roudette ass awer zanter 2011 solo ënnerwee.

A genee 36 Joer sinn et dann hir, datt di däitsch Pop-Band Alphaville hiren Titel “Big In Japan” released hunn. De Song sollt et direkt an e puer Länner op d’Plaz 1 an den Charts packen, ënnert anerem an Däitschland an an der Schwäiz.