Haut op Dräikinneksdag...

Lauschtert eran!

Haut op Dräikinneksdag hätt den australesche Museker Malcolm Young säi 67. Gebuertsdag gefeiert. Hie war Gitarrist, Songwriter a Grënnungsmember vun der Hard-Rock Band AC/DC. Um 18. November 2017 ass de Malcolm Young am Alter vu 64 Joer gestuerwen.

19 Joer sinn et dann hir, datt de Robbie Williams mat sengem Lidd “Supreme” op där éischter Plaz an eisem Eldoradio Chartbreaker stoung, dat am Ganze fir 2 Wochen. “Supreme” ass um drëtte Robbie Williams-Album “Sing When You’re Winning” drop. Mat deem Album konnt hien a ganz ville Länner héich Chart-Platzéierungen erreechen, ënnert anerem a Groussbritannien, an Australien an a Schweden hat hien et mat “Sing When You’re Winning” op d’Eent gepackt.

No engem gudde Joer Paus an all de sozialen Netzwierker a sengem komplette Verzicht op de Smartphone, huet sech den Ed Sheeran um 6. Januar 2017 mat direkt zwou neie Singlen zeréckgemellt: “Castle On The Hill” a “Shape Of You”. Virun allem “Shape Of You” sollt e groussen Erfolleg ginn. Et ass dem Ed Sheeran säi bis haut erfollegräichste Song, ass a ville Länner zu engem Nummer 1-Hit ginn a sollt dem Kënschtler am Joer 2018 och e Grammy fir “Best Pop Solo Performance” abréngen.

An haut virun 2 Joer hat d’Rita Ora et mat sengem “Anywhere” fir 1 Woch op d’Eent an eisem Chartbreaker gepackt. “Anywhere” war um Rita Ora sengem zweeten Album “Phoenix” drop.