Haut op engem 9. Januar...

Lauschtert eran!

Haut feiert den Jimmy Page Gebuertsdag. De Gittarist vu Led Zeppelin ass um 9. Januar 1944 zu Heston an England op d’Welt komm, hie kritt also haut 76 Joer. Mat ronn 300 Millioune verkaaften Albume gehéiere Led Zeppelin zu deenen erfollegräichste Bands iwwerhaapt.

Och de schottesch-italienesche Singer/Songwriter Paolo Nutini huet haut Gebuertsdag, hie kritt der 33.

Um 9. Januar 1988 stoung d’Whitney Houston mam Lidd “So Emotional” op der Plaz 1 an den amerikanesche Single-Charts. De Song war dem Whitney Houston säi sechsten Nummer 1-Hit hannerteneen an den USA.

An haut virun 12 Joer sollt den Apple Grënner Steve Jobs den éischten iPhone presentéieren. Op der MacWorld huet hien den Apparat an enger 50-Minutte-Ried virgestallt. Enn Juni vun deem Joer ass den iPhone an de Verkaf gaangen. Eleng an deenen éischten zwee Deeg sinn eng 270.000 Stéck verkaaft ginn.

11 Joer sinn et hir, datt Mando Diao den Track “Dance With Somebody” erausbruecht hunn. “Dance With Somebody” war d’Lead-Single vum fënnefte Mando Diao-Album “Give Me Fire!”.