Haut op engem 15. Januar...

Um 15. Januar 1983 hat di australesch Band Men At Work et mat hirem Hit “Down Under” op d’Eent an den amerikanesche Single-Charts gepackt. De Song war op hirem Debut-Album “Business as Usual” drop. Och a Groussbritannien an an hirer Heemecht Australien hate Men At Work et mat “Down Under” op d’Plaz 1 an den Charts gepackt.

Haut ass dann d’Cranberries-Sängerin Dolores O’Riordan 2 Joer dout. D’Cranberries hunn an hirer Karriär iwwer 25 Millioune Placke verkaaft, hire bekanntste Song heescht “Zombie”. D’Dolores O’Riordan ass um 15. Januar 2018 an hirem Hotel-Zëmmer zu London an der Bidden erdronk, de Grond: Alkohol.

An dann hätt de Martin Luther King haut 91 Joer kritt. Den amerikanesche Biergerrechtler, dee sech an de 50er a 60er géint d‘Ënnerdréckung an di sozial Ongerechtegkeete géint d’Afroamerikaner staark gemaach hat, war um 4. Abrëll 1968 vun engem Attentäter erschoss ginn. Hie sollt nëmmen 39 Joer al ginn.

Haut viru genee 10 Joer hat d’Lady Gaga et mat sengem Song „Bad Romance“ ganz uewen an di däitsch Single-Charts gepackt, de Song war weltwäit e groussen Erfolleg. Den Titel war um zweete Lady Gaga-Album „The Fame Monster“ aus dem Joer 2009 drop. Fir „Bad Romance” krut d’Lady Gaga och e Grammy.