Haut op engem 4. Februar...

Lauschtert eran!

Um 4. Februar 1977 hu Fleetwood Mac hire legendären Album „Rumours“ erausbruecht. Mat iwwer 40 Millioune Sales gehéiert deen eelefte Longlayer vun der Band zu deene weltwäit erfollegräichsten. Um Album drop waren ënnert anerem d’Songs „Dreams“ a „Go Your Own Way”. Am Joer drop hu Fleetwood Mac e Grammy fir den Album vum Joer gewonnen.

42 Joer sinn et dann hier, datt d‘Bee Gees mam Titel „Stayin Alive” fir 6 Wochen op der Plaz 1 an den amerikanesche Single-Charts stoungen. D’Single gouf als Soundtrack vum Film „Saturday Night Fever“ verëffentlecht. Den Titel “Stayin’ Alive” war dee gréissten Erfolleg an der Karriär vun de Bee Gees, déi zu deenen erfollegräichste Famillje-Bands iwwerhaapt gehéieren.

Haut viru 36 Joer ware Culture Club op d‘Plaz 1 an den US-Single-Charts geklommen, dat mat hirem weltwäiten Hit „Karma Chameleon“. Et sollt der Formatioun ëm de Frontmann Boy George hiren eenzegen Nummer 1-Hit an den USA bleiwen. „Karma Chameleon“ sollt an iwwer 15 Länner d’Plaz 1 an den Charts erreechen, an den USA konnte Culture Club sech fir 3 Wochen op der Eent halen. No 19 Joer Paus hu Culture Club am Oktober 2018 hiren aktuellen Album „Life“ erausbruecht.

An nach eng Nummer 1 aus Däitschland, do stoungen um 4. Februar 1994 de Bryan Adams, de Sting an de Rod Stewart mat hirem gemeinsame Song “All For Love”. D’Lidd war de Soundtrack vum Film “The Three Musketeers”, deen am November 93 an d’Kinoe komm war.