Haut op engem 5. Februar...

Lauschtert eran!

Um 5. Februar 1983 haten Toto et mat hirem Lidd “Africa” op d’ Plaz 1 an den amerikanesche Single-Charts gepackt. “Africa” war zesumme mat anere groussen Hits, ewéi zum Beispill “Rosanna”, op der Band hirem véierten Album “Toto IV” drop. An hirer Karriär hunn Toto am Ganzen 21 Alben erausbruecht an och 6 Grammys gewonnen.

19 Joer sinn et dann hir, datt Outkast mam Titel “Ms. Jackson” fir 2 Wochen op der Eent an Däitschland stoungen. Och a villen anere Länner, dorënner Norwegen, Schweden an Holland, sollten Outkast et mat “Ms. Jackson” ganz uewen an d’Charts packen. Outkast, dat waren den André 3000 an de Big Boy – en Hip-Hop-Duo vun Atlanta, déi virun allem ufanks den 2000er hir grouss Erfolleger feiere konnten. Fir “Ms. Jackson” krute si och e Grammy.

Dës Woch bei eis am Albumcheck an haut viru genee 10 Joer op der Plaz 1 an den däitsche Single-Charts. D’Kesha mat sengem Titel “Tik Tok”, et war deen Hit mat deem hat säi groussen Duerchbroch feiere konnt. Leschte Freiden huet d’Kesha säin neien Album “High Road” erausbruecht.

4 Joer sinn et dann haut hier, datt di däitsch Band AnnenMayKantereit hiren Titel “Pocahontas” erausbruecht hunn. AnnenMayKantereit hu sech am Joer 2011 zu Köln gegrënnt, als besonnescht Mierkmol gëllt dem Sänger Henning May seng markant a rau Stëmm.