Haut op engem 8. Februar...

Lauschtert eran!

Um 8. Februar 1975 stoung de Stevie Wonder mat sengem Titel “Boogie On Reggae Woman” op der Plaz 1 an den amerikanesche Single-Charts. De Song war eng vun de Single-Auskopplungen vum Wonder sengem 17. Studio-Album “Fulfillingness’ First Finale”. De Stevie Wonder ass ee vun deene bedeitendste Kënschtler aus der Musek-Geschicht. A senger Karriär huet hien ënnert anerem 1 Oscar a 25 Grammys gewonnen.

38 Joer sinn et dann hir, datt d’Spider Murphy Gang mat hirem Lidd “Skandal im Sperrbezirk” an Däitschland op der Eent an den Charts stoung, dat fir am Ganzen 8 Wochen. “Skandal im Sperrbezirk” sollt deen eenzegen Nummer 1-Hit vun der Band bleiwen. Haut feiert iwweregens och de Bassist vun der Band Gebuertsdag, de Günther Sigl kritt 73 Joer. 1977 hat hien d’Spider Murphy Gang och mat gegrënnt.

Haut viru genee 10 Joer huet de Beatles-Drummer Ringo Starr e Stär um Hollywood Walk of Fame kritt, et war am Ganzen dee 2401. Um selwechten Dag huet de Walk of Fame seng 50 Joer gefeiert, haut ginn et der also 60. D’Beatles haten hire Stär zesummen awer scho méi fréi kritt an zwar am Joer 1998.

A mir bleiwen zu LA: Bei de 57. Grammy Awards, déi um 8. Februar 2015 am Staples Center zu Los Angeles ofgehale goufen, war de Sam Smith de grousse Gewënner. Hie konnt deen Owend am Ganze 4 Grammys mat heem huelen. Ënnert anerem hat hien dräi vun de véier Haapt-Kategorië gewonnen. Dem Sam Smith seng aktuell Single heescht “I Feel Love”.