Haut op engem 10. Februar...

Lauschtert eran!

Um 10. Februar 1975 stoung den Udo Jürgens mat sengem Lidd “Griechischer Wein” op der Plaz 1 an den däitsche Single-Charts, dat fir am Ganzen 8 Wochen. D’Melodie vum Lidd huet de Jürgens no enger Vakanz op der griichescher Insel Rhodos geschriwwen, eegenen Aussoen no an nëmmen 20 Minutten. Am Text vum Song geet et ëm griichesch Gaaschtaarbechter an de 70er Joren an Däitschland, déi no hirer Heemecht verlaangeren.

4 Joer méi spéit, um 10.02.1979 hat de Rod Stewart et mat sengem “Da Ya think I’m Sexy” fir 3 Wochen op d’Plaz 1 an den US-Single-Charts gepackt. Et war säin drëtten Nummer 1-Hit an den USA. Parallel stoung de Stewart um selwechten Dag mat sengem néngten Album “Blondes Have More Fun” op der Eent an den amerikaneschen Album-Charts.

23 Joer sinn et dann hier, datt Blur hire fënnefte Studio-Album mam einfachen Titel “Blur” erausbruecht hunn. Blur zielt zu deene wichtegste Vertrieder vum Britpop an den 90er Joren.

Haut viru 14 Joer hu Seeed hire Song “Ding” erausbruecht. Et war di drëtt Single-Auskopplung aus dem drëtte Seeed-Album “Next!”. No hirem Concert d’lescht Joer an der Rockhal komme Seeed dëst Joer zréck op Lëtzebuerg. Den 11. Juli spille si Open-Air virun der Luxexpo, Ticketen ginn et nach um Site vum Atelier oder op eldo.lu.