Haut op engem 11. Februar...

Lauschtert eran!

Haut feiert den amerikanesche Museker Mike Shinoda säin 43. Gebuertsdag. Bekannt ginn ass hie virun allem als Rapper, Sänger, Keyboarder a Gittarist vu Linkin Park. Nom Dout vun hirem Front-Mann Chester Bennington am Juli 2017 hu Linkin Park decidéiert eng Paus anzeleeën, wéi an ob et mat der Band weidergeet ass bis haut net gewosst. Am Juni 2018 huet de Mike Shinoda säin éischte Solo-Album “Post Traumatic” erausbruecht, op deem hien dem Bennington säin Dout verschafft.

8 Joer sinn et dann hier, datt d’Whitney Houston eis fir ëmmer verlooss huet. D’Sängerin ass um 11. Februar 2012 am Alter vun 48 Joer dout an der Bidde vun hirem Hotels-Zëmmer opfonnt ginn. Mat iwwer 170 Millioune verkaafte Placken a sechs gewonnene Grammys gehéiert d’Whitney Houston zu deenen erfollegräichste Sängerinnen iwwerhaapt.

Haut viru 7 Joer huet de Bosse seng Single “Weit Weg” erausbruecht. No “Frankfurt/Oder” a “Wartesaal” war et di drëtt Single-Auskopplung aus dem Bosse sengem véierten Album. D’lescht Joer war de Bosse ee vun den Headliner um e-Lake Festival zu Iechternach.

An um selwechten Dag stoungen d’Beatsteaks mat hirem sechsten Album “Boombox” op der Eent an den däitschen Album-Charts. Do sinn ënnert anerem d’Lidder “Automatic”, “Cheap Comments” a “Milk & Honey” drop. Och d’Beatsteaks ware schonn hei zu Lëtzebuerg, fir d’lescht am Joer 2014.