Haut op engem 12. Februar...

Lauschtert eran!

Haut feiert den amerikanesche Museker Mike Posner Gebuertsdag. Hien ass um 12. Februar 1988 zu Detroit a Michigan op d’Welt komm, gëtt also haut 32 Joer al. Bekannt ginn ass de Posner mat senge Lidder “Cooler Than Me” an “I Took A Pill In Ibiza”.

D’lescht Joer huet de Mike Posner mat sengem “Walk Across America” op sech opmierksam gemaach. Vun Abrëll bis Oktober ass hien ze Fouss vun der Ost-Küst bis op d’West-Küst vun den USA getrëppelt an huet dobäi knapp 3000 Meilen zeréck geluecht. Wärend senger Rees, déi hie gemaach huet fir sech selwer ze fannen, huet hien och ëmmer erëm nei Musek erausbruecht.

Um 12. Februar 2011 stoungen d’Kings of Leon mat hirem Titel “Pyro” fir eng Woch op der Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker. “Pyro” war um drëtte Kings-of-Leon-Album “Come Around Sundance” drop, op deem och ënnert anerem d’Songs “Radioactice”, “The Immortals” oder “Back Down South” drop waren. Mat deem Album sollt d’Band direkt an 8 Länner op der Plaz 1 an d’Charts eraklammen.

An dann nach zwou Nummer Eenten aus dem Joer 2016:

Viru 4 Joer stounge Coldplay mat hirem 7. Album “A Head Full Of Dreams” op där éischter Plaz an de UK-Album Charts. Do waren ënnert anerem d’Hits “Everglow”, “Adventure of a Lifetime” an “Hymn for the Weekend” drop.

Parallel stoung den Alan Walker an Däitschland op der Eent an de Single-Charts, dat mat sengem Lidd “Faded”. Et war dee Song, mat deem den Alan Walker säi groussen Duerchbroch feiere konnt. Nieft Däitschland hat hien et mat “Faded” och nach an Norwegen, Éisträich an an der Schwäiz ganz uewen an d’Charts gepackt.