Haut op engem 15. Februar...

Lauschtert eran!

Haut feiert den Ali Campbell Gebuertsdag. De Sänger vun der brittescher Formatioun UB40 kritt 61 Joer. D’Band hat eng Rei Hits, dorënner “I Got You Babe”, “Can’t Help Falling In Love” a “Red Red Wine”. De Band-Numm UB40 ass eng Ofkierzung fir en Dokument, dat een an den 80er an an den 90er Joren a Groussbritannien huet missen ausfëllen fir sech aarbechtslos ze mellen. De Formulaire huet “Unemployment Benefit, Form 40” geheescht, ofgekierzt eben UB40. Enn Januar am Joer 2008 huet den Ali Campbell bekannt ginn, datt hien d’Band op Grond vu finanziellen Onreegelméissegkeete géif verloossen.

Um 15. Februar 1979 hate Village Poeple et mat hirem Mega-Hit “Y.M.C.A.” fir am Ganzen 8 Wochen op d’Plaz 1 an den éisträichesche Single-Charts gepackt. Village Poeple waren eng amerikanesch Disco-Band, déi sech an de spéide 70er Jore forméiert hat.

23 Joer sinn et dann haut hier, datt U2 et mam Titel “Discotheque” op d’Plaz 1 an de UK-Single-Charts gepackt haten. Et war am Ganzen hiren drëtten Nummer-1-Hit a Groussbritannien an deen éischten Track um 97er U2-Album “Pop”. Am Laf vun hirer Karriär hu U2 14 Alben erausbruecht, ronn 170 Millioune Placke verkaaft, 22 Grammys gewonnen a sinn 2005 an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl ginn.

Haut viru 5 Joer huet dem Mark Ronson an dem Bruno Mars hirt Lidd “Uptown Funk” d’1-Millioune-Sales-Mark geknackt. Et war deen 158. Song, deen a Groussbritannie méi ewéi eng Millioun Mol verkaaft gi war. “Uptown Funk” war an de UK och dee meescht-gestreamte Song vun deem Joer.