Haut op engem 16. Februar...

Lauschtert eran!

Haut feiert de kanadesche Museker The Weeknd säi ronnen 30. Gebuertsdag, hien ass um 16. Februar 1990 zu Toronto op d’Welt komm. D’Iddi fir säi Kënschtler-Numm ass dem Abel Makkonen Tesfaye, ewéi The Weeknd mat biergerlechem Numm heescht, agefall, ewéi hie mat 17 Joer d’High School ofgebrach huet an dunn all Dag fir hien ewéi Weekend war. Well et awer schonn eng aner kanadesch Band gouf, déi The Weekend geheescht huet, huet hie ganz einfach den “n” ewechgelooss.

Och d’Ava Max feiert haut Gebuertsdag. Di amerikanesch Sängerin kritt 26 Joer. 2018 konnt d’Ava Max mam Song “Sweet But Psycho” säi groussen Duerchbroch feieren. Dëst Joer soll dann och endlech säin Debut-Album erauskommen.

Um 16. Februar 1985 hat de “Boss”, de Bruce Springsteen, et mat sengem 7. Studio.Album “Born In The USA” op d’Eent an de britteschen Album-Charts gepackt. Och an den USA an an Däitschland hat de “Boss” et mam Album ganz uewen an d’Charts gepackt. “Born in the USA” ass mat Ofstand dem Bruce Springsteen säi meescht-verkaaften Album.

An 9 Joer sinn et hier, datt d’Lady Gaga mam Titel “Born This Way” deen 1000. Nummer-1-Hit an den US-Single Charts feiere konnt. Hatt hat de Wiz Khalifa mam Lidd “Black and Yellow” ofgeléist a konnt sech am Ganze fir 6 Wochen ganz uewen halen. Am Laf vu senger Karriär huet d’Lady Gaga bis haut fënnef Alben erausbruecht, iwwer 150 Millioune Placke verkaaft, zwee Golden Globes, een Oscar an eelef Grammys gewonnen.