Haut op engem 17. Februar...

Lauschtert eran!

Um 17. Februar 2013 war de Clueso fir e Concert am Atelier. U sech hätt den däitsche Museker schonn ee Mount virdrun hei zu Lëtzebuerg optriede sollen, mee hie war virum Concert krank ginn.

5 Joer méi spéit, um 17.02.2018, hunn d’Imagine Dragons an der Rockhal gespillt. Si hunn deemools hiren 3. Album “Evolve” presentéiert, op deem ënnert anerem d’Lidder “Whatever It Takes”, “Believer” an “Thunder” drop sinn. De lëtzebuergesche Public war vum Concert begeeschtert.

Haut feieren dann och nach zwee grouss Nimm aus der Museks-Welt Gebuertsdag:
Ugefaange mam Ed Sheeran, hie kritt haut 29 Joer. Trotz sengem jonken Alter ass de brittesche Sänger elo schonn ee vun deenen erfollegräichste Kënschtler iwwerhaapt.
Och nach ee Joer méi al gëtt haut de Billie Joe Armstrong. De Front-Mann vu Green Day kritt der haut 48. Virun annerhallwer Woch hu Green Day hiren 13. Album mam Titel “Father of All...” erausbruecht.

13 Joer sinn et hier, datt de Mika mam Titel “Grace Kelly” fir 2 Wochen op der Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker stoung. “Grace Kelly” war um Mika sengem Debut-Album “Life in Cartoon Motion” drop.

An haut virun 12 Joer hat d’Duffy et mat sengem Lidd “Mercy” op di éischt Plaz an de UK-Single-Charts gepackt, dat am Ganze fir 5 Wochen. Och ënnert anerem an Däitschland, Norwegen an Holland sollt d’Duffy et mam Song ganz uewen an d’Charts packen. “Mercy” war ee vun de meescht-verkaafte Lidder vum Joer 2008.