Haut op engem 18. Februar...

Lauschtert eran!

Haut feiert den Dr. Dre säi 55. Gebuertsdag. Nieft enger erfollegräicher Solo-Karriär gëllt hien och als ee vun deene bedeitendsten Hip-Hop-Produzenten iwwerhaapt. Den André Romelle Young, ewéi den Dre mat biergerlechem Numm heescht, ass mat 950 Milliounen US-Dollar iwweregens och dee bescht-bezueltste Kënschtler vum leschte Joerzéngt.

Genee 30 Joer sinn et dann hier, datt e gewëssene Freddie Mercury bei de BRIT-Awards am Dominion Theatre zu London säi leschten ëffentlechen Optrëtt hat. Zesumme mat deenen anere Museker vu Queen hat hien de Präis fir Outstanding Contribution to Music entgéint geholl. Am Joer drop, um 24. November 1991, ass de Freddie Mercury u senger Krankheet gestuerwen.

Bei der 29. Editioun vun de BRIT-Awards, déi um 18. Februar 2009 am Earls Club zu London verdeelt gi sinn, huet di grouss Gewënnerin Duffy geheescht. D’Sängerin konnt am Ganzen 3 Präisser gewannen: Best British Female Solo Artist, British Breakthrough Act a British Album of the Year fir säin Debut-Album “Rockaferry”.

Haut virun 8 Joer stoung d’Kelly Clarkson mat sengem Titel “Stronger” op der Plaz 1 an den amerikanesche Single-Charts. Am Laf vu senger Karriär huet d’Sängerin iwwer 60 Millioune Placke verkaaft an 3 Grammys gewonnen.