Haut op engem 22. Februar...

Lauschtert eran!

Haut feiert den James Blunt säi 46. Gebuertsdag. 2005 konnt de Mann mat der markanter Stëmm mam Song “You’re Beautiful” de groussen Duerchbroch feieren. Am Oktober d’lescht Joer huet de Sänger säi mëttlerweil 6. Album mam Titel “Once Upon a Mind” erausbruecht, mat deem hien de 5. Mäerz och bei eis op Lëtzebuerg an d’Rockhal kënnt. Ticketen ginn et nach op der Säit vun der Rockhal oder bei eis op eldo.lu.

Gebuertsdag huet dann haut och dee Mann, deen d’lescht Joer ee vun den Headliner um e-Lake Festival zu Iechternach war. Den däitsche Sänger Bosse feiert haut säi ronnen 30. Am Oktober 2018 huet de Bosse säi bis elo leschten Album “Alles ist jetzt” erausbruecht.

Um 22. Februar 1997 haten No Doubt et mat hirem Titel “Don’t Speak” fir 3 Wochen op d’Plaz 1 an de brittesche Single-Charts gepackt. De Song war um drëtten No-Doubt-Album “Tragic Kingdom” aus dem Joer 95 drop. No Doubt waren eng amerikanesch Rock-Band vu Kalifornien, déi sech 1986 gegrënnt hunn, d’Sängerin war keen anert ewéi d’Gwen Stefani. Am Laf vun hirer Karriär hu si ronn 35 Millioune Placke verkaaft, “Don’t Speak” war hir international erfollegräichste Single.

22 Joer sinn et dann haut hier, datt Coldplay – deemools nach ënnert dem Numm “Starfish” – hiren alleréischte Concert zu London gespillt hunn. D’Entrée hat nëmme 4 Pond kascht. D’lescht Joer am November hu Coldplay hiren aktuellen Album “Everyday Life” erausbruecht.