Haut op engem 23. Februar...

Lauschtert eran!

Haut feiert den däitsche Satiriker, Fernsee-Moderator an och Museker Jan Böhmermann säin 39. Gebuertsdag. Bekannt ass hie virun allem duerch d’Neo Magazin Royale. Opmierksamkeet hat de Böhmermann och kritt, ewéi hien 2017 d’Lidd “Menschen Leben Tanzen Welt” erausbruecht hat. Et war eng Kritik un der däitscher Pop-Industrie, de Song gouf nämlech u sech vu Schimpansen aus dem Gelsenkirchener Zoo geschriwwen.

Um 23. Februar 2002 stoung d’Shakira mat sengem “Whenever, Wherever” fir am Ganze 5 Wochen op der Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker. De Song war eng vun de Single-Auskopplungen aus dem Shakira sengem fënneften Album “Laundry Service”. Och an iwwer 15 anere Länner sollt d’Sängerin et mat “Whenever, Wherever” ganz uewen an d’Charts packen, dorënner Schweden, Australien a Frankräich.

7 Joer sinn et dann hier, datt d’P!nk et mam Lidd “Just Give Me A Reason” fir 3 Wochen op d’Eent am Eldo Chartbreaker gepackt hat. Fir de Song hat d’Sängerin mam Nate Ruess zesummegeschafft, hien ass de Front-Mann vun der Indie-Pop-Band fun. “Just Give Me A Reason” ass um P!nk sengem 6. Album “The Truth About Love” drop.

An haut virun 3 Joer ass den Jay Z als éischte Rapper an d’Songwriters Hall of Fame opgeholl ginn. Och scho Member sinn ënnert anerem de Marvin Gaye, de Bob Dylan, d’Dolly Parton, de Bruce Springsteen an de Michael Jackson.