Haut op engem 24. Februar...

Lauschtert eran!

Um 24. Februar 1976 sinn den Eagles hir “Greatest Hits (1971-1975)” als éischten Album iwwerhaapt mat Platinn ausgezeechent ginn. Et ass eng Auszeechnung déi no de Verkafszuele vergi gëtt, d’Eenheeten déi ee verkafe muss fir Platinn ze kréie variéieren dobäi vu Land zu Land, an den USA sinn et der 1 Millioun. Den Eagles hir Greatest Hits hunn an Amerika am Ganzen 38 Platinn-Auszeechnunge kritt. Domat ass et bis haut net nëmmen an den USA, mee weltwäit dee meescht-verkaaften Album iwwerhaapt.

Haut viru 17 Joer op der Eent an den däitsche Single-Charts: t.A.T.u. mam Titel “All The Things She Said”. Am Ganze fir 5 Woche konnt de russesche Pop-Duo sech an Däitschland op der Eent halen.

7 Joer sinn et dann hier, datt di schottesch Sängerin Emeli Sandé mat sengem Debut-Album “Our Version of Events” op der Plaz 1 an de UK-Album-Charts stoung. Ënnert anerem sinn um Album d’Songs “Clown”, “River”, “Heaven” an “Next To Me”. “Our Version Of Events” war 2012 dee meescht-verkaaften Album a Groussbritannien an huet domat ënnert anerem dem Adele säin “21” hannert sech gelooss.

An um Dag vun haut virun 2 Joer stoung den Justin Timberlake mam Titel “Say Something” fir 2 Wochen op der Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker. Viru kuerzem huet den Timberlake seng aktuell Single “Believe” zesumme mam Meek Mill erausbruecht.