Haut op engem 25. Februar...

Lauschtert eran!

Haut feiert de kanadesche Museker Daniel Powter säin 49. Gebuertsdag. Bekannt ginn ass hien 2005 mam Lidd “Bad Day”, mat deem hien et och fir 5 Wochen op d’Eent an den amerikanesche Single-Charts gepackt hat. “Bad Day” ass leider dem Powter säin eenzege groussen Hit. Am Dezember 2018 huet hie säi bis elo leschten Album “Giants” erausbruecht.

Um 25. Februar 1984 stounge Van Halen mat hirem Titel “Jump” fir am Ganze 5 Wochen op der Plaz 1 an den US-Single-Charts. D’Lidd war op der Band hirem erfollegräichsten Album “1984” drop. Och a Kanada an an Italien sollt “Jump” en Nummer-1-Hit ginn.

Parallel a Groussbritannien stounge Queen mat hirem “Radio Ga Ga” ganz uewen an den Charts. D'Lidd zielt zu deene meescht-verkaafte Singlen vu Queen an huet iwweregens d’Lady Gaga zu sengem Kënschtler-Numm inspiréiert.

13 Joer sinn et dann haut hier, datt Fall Out Boy et mat hirem 3. Album “Infinity on High” op d’Plaz 1 an den amerikanesche Billboard 200-Charts gepackt haten. Do sinn ënnert anerem d’Lidder “This Ain’t a Scene, It’s an Arms Race” an “Thnks fr th Mmrs” mat drop. Kommerziell gesinn ass “Infinity on High” deen erfollegräichsten Album vun der Band.

An haut virun 3 Joer stoung de Rag’n’Bone Man a senger Heemecht Groussbritannien op der Eent an den Album-Charts, dat mat sengem Debut-Album “Human”. Et war deen Debut-Album vun engem männleche Kënschtler, dee sech am leschte Joerzéngt am séierste verkaaft huet.