Haut op engem 28. Februar...

Lauschtert eran!

Um 28. Februar 1998 stounge Cornershop mat hirem Titel “Brimful of Asha” op der Plaz 1 an de brittesche Single-Charts. D'Band gëllt haut als One-Hit-Wonder, “Brimful of Asha” war hiren eenzege groussen Hit.

An dann hu mir haut dräi Nummer Eente vum 28. Februar 2009.

Ugefaangen a Groussbritannien:
Do stoungen de Flo Rida an d’Kesha mat hirem Titel “Right Round” op der Plaz 1 an de Single-Charts. Et war d’Lead-Single vum Flo Rida sengem zweete Studio-Album “R.O.O.T.S.”. Viru kuerzem huet d’Kesha säin neien Album “High Road” erausbruecht.

Um selweschten Dag stounge parallel d’Kings of Leon op der Eent an de UK-Album-Charts, dat mat hirem 4. Album “Only By The Night”. Do sinn ënnert anerem d’Lidder “Sex on Fire” a “Use Somebody” drop. Am Februar 2009 konnten d’Kings of Leon fir “Sex on Fire” 1 Grammy gewannen. Am Joer drop krut d’Single “Use Somebody” der esouguer 3.

An um 28. Februar 2009 hei bei eis zu Lëtzebuerg an eisem Eldoradio Chartbreaker op der Eent: D’Lady Gaga mam Titel “Poker Face”, dat fir am Ganze 4 Wochen. D'Lidd war eng vun de Single-Auskopplungen aus dem Lady Gaga sengem Debut-Album “The Fame” a gläichzäiteg dee Song, mat deem d’Sängerin säi groussen internationalen Duerchbroch feiere konnt.