Haut op engem 27. Februar...

Lauschtert eran!

Um 27. Februar 1984 stounge Frankie Goes To Hollywood mat hirem Titel “Relax” fir am Ganze 6 Wochen op der Plaz 1 an den däitsche Single-Charts. Nieft “Two Tribes” an “The Power of Love” war “Relax” ee vun de gréissten Erfolleger vun der brittescher Pop-Band. D'Lidd war um Debut-Album vu Frankie Goes to Hollywood drop - “Welcome to the Pleasuredome” war am Oktober 84 erauskomm.

21 Joer sinn et dann haut hier, datt d’Britney Spears et mat senger alleréischter Single “...Baby One More Time” fir 2 Wochen op d’Eent an de brittesche Single-Charts gepackt hat. D’Lidd war op der Sängerin hirem Debut-Album mam selwechten Numm drop, sollt a Groussbritannien di meescht-verkaafte Single vum Joer 99 ginn an et och an den USA un d’Spëtzt vun den Charts packen. “...Baby One More Time” gouf vum bekannte schwedesche Produzent Max Martin geschriwwen a war eigentlech fir d’Band TLC geduecht. Well déi hiren Album “FanMail” awer scho fäerdeg haten, wollte si d’Lidd net méi.

A propos TLC: Haut feiert d’Sängerin vun der amerikanescher Girl-Group Gebuertsdag. D’Rozonda Thomas, genannt “Chilli”, kritt haut 49 Joer. TLC hunn an hirer Karriär 4 Nummer-1-Single produzéiert a ronn 70 Millioune Placke verkaaft. Zu hire groussen Hits ziele “Waterfalls”, “No Scrubs” a “Creep”.

An haut viru 16 Joer hat e Mataarbechter aus engem Supermarché zu Aspen a Colorado sech gutt erschreckt, ewéi e Mann mat enger Mask an d’Geschäft erakomm ass. Well hien dovun ausgaange war, datt et en Abriecher wier, huet hien d’Police geruff. Duerno huet sech awer erausgestallt, datt et de Michael Jackson war, dee mat senge Kanner zu Aspen Vakanz gemaach huet an onerkannt wollt bleiwen.