Haut op engem 12. Mee...

Lauschtert eran!

Haut viru 36 Joer stoung de Lionel Richie mat der Pop-Ballad „Hello“ un der Spëtzt vun den amerikanesche Billboard-Charts. Et war säin 3. Nummer-1-Hit an den USA als Solo-Kënschtler. „Hello“ war u sech fir dem Lionel Richie säin Debut-Album geduecht, op Wonsch vu senger Fra ass d’Lidd awer eréischt op deen 2. Album „Can’t Slow Down“ dropkomm, deen am Oktober 1983 erauskomm ass. An engem Interview huet de Richie eng Kéier gesot, datt hie sech beim Text u scheie Männer inspiréiert hätt, déi probéiere géifen hirer grousser Léift en Heiratsantrag ze maachen.

9 Joer sinn et hier, datt d’Geri Halliwell mam Titel „It’s Raining Man“ fir 2 Wochen op der Plaz 1 an de UK-Singles-Charts stoung. D’Geri Halliwell ass eng brittesch Singer/Songwriterin, dat an den 90er-Joren als Member vun de Spice Girls bekannt gouf. Do hat hatt d’Spëtznimm „Ginger Spice“ oder „Sexy Spice“. A sénger spéiderer Solo-Karriär huet d’Musekerin 4 BRIT-Award Nominéierungen erreecht, 4 Nummer-1-Singles an England gefeiert an iwwer 4 Millioune Placke verkaaft.

An um 12. Mee 2018 stoung de Post Malone mat sengem 2. Studio-Album „Beerbongs & Bentleys“ op der Eent an den US-Album-Charts. Mat drop sinn direkt e puer vum Kënschtler senge ganz groussen Hits ewéi „Psycho“, „Spoil My Night“, „Rockstar“ a „Better Now“. D’lescht Joer am September huet de Posty säin aktuellen Album „Hollywood’s Bleeding“ erausbruecht.