Haut op engem 13. Mee...

Eng lieweg Legend feiert Gebuertsdag: De Stevie Wonder kritt haut 70 Joer. Hien ass warscheinlech ee vun deenen talentéiertste Museker iwwerhaapt a beherrscht Blues, Funk, R&B a Soul ewéi keen aneren, an dat obwuel hie quasi vu Gebuert u blann ass. Zu senge bekannteste Lidder ziele „Part-Time Lover“, „I Just Called To Say I Love You“, „Isn’t She Lovely“ oder „Superstition“. Am Laf vu senger Karriär huet de Stevie Wonder 23 Alben erausbruecht an huet esou zimmlech all Präis gewonnen deen et gëtt, virun allem stiechen awer seng 25 Grammy Awards eraus. Schonn 1989 gouf hien an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl. Nieft senger Tätegkeet als Museker huet de Wonder sech och politesch engagéiert. Zanter 2009 ass hien UN-Friddens-Botschafter an huet mat senge Campagnë fir Mënscherechter ënnert anerem erreecht, datt de Gebuertsdag vum Martin Luther King zanter 1986 e Feierdag an den USA ass.

Ee Joer méi al gëtt dann haut och den Alexander Rybak, hie kritt der 34. Dat ass dee Mann, deen 2009 mam Song „Fairytale“ fir Norwegen de Eurovision Song Contest gewonnen hat. 2018 war de Rybak nach eng Kéier um Start beim ESC, koum do awer just op d’Plaz 15.

Haut virun 8 Joer stounge Keane mat hirem 4. Studio-Album „Strangeland“ un der Spëtzt vun de britteschen Charts. Mat drop si Lidder ewéi „Disconnected“, „Sovereign Light Café“ oder „Silenced by the Night“. D’lescht Joer am September hu Keane no 6 Joer Paus hiren aktuellen Album „Cause and Effect“ erausbruecht.